LLA
Individuel Berodung. Individuel Projeten.-
Ee Projet de polariséiert
Och wann de Projet net an där Form ëmgesat gëtt, ass et e gutt Beispill fir effizient an nohalteg
-
Mat vill Léift zum Detail
Ee Plusenergiehaus produzéiert méi Energie wéi datt et selwer brauch
Wou mat verbrénge mir eis Zäit?
Effizient bauen ass keng Wëssenschaft, mee en Handwierk!
Alles ass Méiglech, awer villäicht net Sënnvoll. D’Bauwierk iwwert säi ganze Liewenswee plangen a mat effizienter Technik nohalteg optimiséieren, daat ass d’Ziil wat mir eis fir all Bau setzen. Ob Material oder Ressourcen, beim Bauen, beim Ënnerhalt oder spéider beim Recycléieren, all Etapp soll an de Projet kënnen afléissen. Eis grouss Expertise hëlleft Iech Äre Bau effizient, ökologesch an ökonomesch ze gestalten.
QUALITÉIT DÉI EE Spiert a GESÄIT
Bei LLArchitectes lauschtere mir op d’Wënsch a Virstellungen vun onse Clienten.Contact
LLA Architectes. Individuel Léisungen an eng kompetent BerodungLaurent Lanners
Dipl.-Ing. Architekt
No de Studien zu Kaiserslautern op der Uni huet hien iwwert d’Joren vill Erfahrung am Privat- wéi och am Ëffentleche Bau konnte sammelen. Mat der néideger Passioun huet hien och net verpasst sech de neien Erausfuerderungen ze stellen. Zil ass et dem Client ëmmer déi beschte Léisunge kënnen unzebidden. Esou huet hien sech och mat Zäite fir den Ekonomesch/Ekologesche Bau interesséiert an ass zertifiéiert am Passivbau.
Ben Crochet
Dipl.-Ing. Architekt
D'Erfahrung an de Kontakt mam Client léiert ee net an der Schoul, sinn awer onersätzlech fir dem Client seng Wënsch mat Begeeschterung a kreativitéit emzesetzen.
Kim Herren
Dipl.-Ing. Architektin
Et geet ëmmer drëms de Raum nei ze erfannen. All Projet huet aaner Erausfuerderungen an déi gëllt et mat vill Kreativitéit ze meeschteren. An dat natierlech ouni de Budget aus den Aan ze verléirene.
Jean-Paul Metzen
Ingénieur Technicien
Och de schéinste Concepter steet heiansdo d’Physik an de Féiss. Mat iwwer 30 Joer Beruffserfahrung steet hien dem Architekt mat senger Experienz an der Statik zur Säit an hëlleft Iech Är Virstellungen a Realitéit ze verwandelen.
Boris Schmit
Conducteur de travaux
Meng Erfahrung a meng Begeeschterung fir nei Technologien sinn eng alldeeglech Inspiratioun fir d'Organisatioun vum Chantier, dem Kontakt mam Handwierker an dem Client.
Felix Felgen
Technicien supérieur
De Beruff vum Architekt ass komplex a all Dag kommen nei Erausfuerderungen op een zou. Et gëtt keng besser Plaz wéi an enger Ekipp ze schaffen déi genee esou vill Erfarung mat Eefamilljenhaiser huet wéi mat komplexe Schoulgebaier oder ganze Residencen.
Pedro Rodrigues
Technicien supérieur
No senge Studie konnt hien iwwert Jore genee dat ëmsetze wat hien sech fir säi Beruff erhofft hat. Mat dem gesammelte Knowhow an dem néidege Gefill fir den Detail steet dem Bau vun Ärem Haus näischt méi am Wee.
Wou fannt dir eis?
Bei LLArchitectes lauschtere mir op d’Wënsch a Virstellungen vun onse Clienten. Mat vill Erfahrung am private, wéi och am ëffentleche Bau, begleede mir Iech duerch déi kreativ Phase a schaffen zesummen un Ärem Projet.