Déi nei Crèche „Bei de Waldwiichtelcher“ gëtt zu Béiwen- Atert gebaut, an dat direkt beim Bësch. Si ass fir bis zu 90 Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer ausgeluecht.
Fir sou mann wie méiglech Impakt op säin natierlecht Ëmfeld ze hunn, gëtt d’Gebai liicht ënnert dem Niveau vun der Strooss implantéiert a passt sech esou harmonesch un d’Form vum Terrain un. D’Crèche ass bewosst niddereg konzipéiert gi fir der Perspektive vun eise klenge Gäscht gerecht ze ginn, a wäert sech duerch vill Gréngs perfekt an d’Alentouren integréieren....