LLA Architectes

Individuel Berodung.
Individuel Projeten.

40, rue du village
L-7416 Brouch

+352 2661 0575
info@lla.archi

Ob een am Bestand embaut oder ganz nei baue soll, hänkt ëmmer vu ville Punkten of. An dem Fall vu Sandweiler ass ee Neibau awer déi eenzeg Léisung fir der Demande vum Bauhär nozekommen.

De Site vun der Gemeng, déi direkt un enger vun den Haaptachse vu Sandweiler läit, erfuerdert en gewësse Fangerspëtzegefill, op där enger Säit, wëlle mir sou no wéi méiglech un d’Strooss eru bauen, op der aner Säit wëlle mer de Passant net erschloen. Aus deem Grond hu mir eis fir d’Entwéckele vun engem Sockel entschloss, deen sech der Haaptachs no orientéiert. Op dësen, no fir raus zeréckhalenden an zur Kierch hin oppene Sockel, leeë mir“schwiewend” d’Etagen drop. Dësen horizontal ausgeriichte Volume ass bewosst an engem liichten Material gehalen. Hien hëlt d’Orientatioun vun der Kierch op, esou dat e sech vun der Strooss ewech dréint. Flächen, mam emleienden Park an dem Shared Space verschmëlzen, sou wei de ganze Rez-de-Chaussée no hanne raus, dat och mécht. Mir schafen also eng Symbiose tëschent baussen a banne wou d’Grenze visuell ëmmer erëm verschwannen.

D’Konzept vun der neier Gemeng Sandweiler
baséiert op Nohaltegkeet an e bessere Service um Bierger.

D’Gebai soll awer net nëmmen op den Urbane Kontext äntweren, mee och op d’Uspréch vum Bierger, déi an éischter Linn, wat d’Architektur betrëfft, eng séier intern Orientatioun, kuerz Weeër an oppen hell Raimlechkeete sinn. Aus dësem Grond, sinn déi Dag Deeglech Funktiounen op déi de Bierger zeréck gräife well um Rez-de-Chaussée, sou no wei méiglech un der Entrées Situatioun ugegliddert. Büroen déi net den alldeegleche Kontakt zum Bierger brauchen, sinn op d’Etage verlagert. Mir sinn der Meenung dass mat dësem Konzept, sou wéi d’Guichet’en ugeuerdent sinn, en séieren an effikasse Service um Bierger ofgewéckelt kënne ginn.

Nohaltegkeet, ass bei dësem Gebai ee Gedanken deen a puer Richtunge gefouert gouf. D’Gebai ass esou konzipéiert, dat et sech op der enger Säit flexibel iwwer déi nächst Joren op déi wuessend Uspréch vun der Gemeng upasse kann. Op der aner Säit hu mer sämtlech Büro’en a Raim sou orientéiert, dat se vum Dagesliicht profitéiere kënnen, ouni dat se zu hire Notzungszeiten ze iwwerhëtzen. D’Konzept soll och Platz fir extern Funktioune bidden, déi aktuell op verschidde Platzen ausgelagert sinn. Déi kënnen hei ënnert engem Daach vereent ginn. De Bau selwer soll och dësem Nohaltegkeetsgedanke Rechnung droen, sou dat mer versichen nei Technologien wei Gréng Diech, Photovoltaik, etc direkt an den Entworf afléissen ze loossen, sou dass se net wei opgesat wierken. Och dem Choix vun de Materialien ass an dem Kontext Rechnung gedroe ginn.