Skip to main content
Beiwen

Crèche zu Beiwen

Bauhär
Boevange
Uertschaft
Beiwen

Ausgangslag

Eis nei Krèche eng Plaz fir ze wuesse, ze entdecken a sech ze entwéckelen
Eis Gemeng baut zu Beiwen eng nei Kannerkrèche, an dat direkt beim Bësch. Dës ass ausgeluecht fir bis zu 90 Kanner vum Alter 0 bis 4 Joer. Fir sou mann wie meiglech Impakt op hiert Emfeld ze hunn, hunn mer se liicht ënnert dem Niverau vun der Strooss, an harmonesch an dei natierlech Form vum Terrain, geluecht. Sie ass bewosst niddreg gehaal fir sou der Perspektive vun eisen klengen Gäscht Rechnung ze droen, an wäert wann se bis fäerdeg ass, duerch vill Grengs matt hieren Alentouren „verschmëlzen“

Ziel

Entdecken, Spillen, Erliewen

An dëser Krèche erliewen d’Kanner eng Plaz, wou si fräi spillen, rennen, entdecken an sech zréckzéien kënnen. Grouss Fënstere verbannen den Bannenraum mat der Natur a ginn en direkten Blëck op de Bësch, wat hinnen en Gefill vun Fräiheet a Sécherheet zugläich soll ginn. D’Raim sinn esou geplangt, datt kuerz Weeër a zentral Zonen de Alldag roueg an organiséiert haalen.
All Grupp huet een groussen Gruppenraum a seng eegen Schlofraim. Des weideren sin die Gruppenraim visuell sou verknäppt, datt d’Kanner Sécherheet erliewen, wärend d’Equipe vun den Betraier alles iwwerblécke kann. Déi oppen, hell Raumstruktur fërdert Spillerfarung, Konzentratioun a Kreativitéit.

    Resultat

    Pädagogik duerch Natur, Sprooch a Bewegung

    Well den Bësch direkt virun der Dier/Fënster läit gëtt en aktiv an den Alldag integréiert. D’Kanner erliewen Beweegung bannen wei baussen, entdecken d’Natur, léieren verschidde Sproochen a Kommunikatioun a kréien zugläich Zäit fir Rou a Fantasie. D’Fräiraim déngen als natierlech Extensioun vum Interieur, mat Spillstrukturen, Sandkëschten a rouegen Ecken. En besonnegen Raum wäert dann zu gudder Lëscht eisen Bewegungsraum sinn, dësen erstrëckt sech iwwer  die zwou Etagen, an bidd den Kanner alles waat se brauchen fir sech aus ze toben. Dësen Raum wäert matt Kloterelementer, Rutschen, Schaukelen, an deenen verschiddensten Spillecker, all Kand en Laachen op d’Gesiicht zauberen.