LLA Architectes

Individuel Berodung.
Individuel Projeten.

40, rue du village
L-7416 Brouch

+352 2661 0575
info@lla.archi

Modelléieren

Modelléieren

Individuell Leisungen fir individuell Probleemer

Nohaltegkeet ass méi wi just mat nohaltegem Material bauen. Vum Raumkonzept bis Energie iwwer Liewensqualitéit an dem Offall, mir plangen effizient an daat mat vill Léiwt zum Detail.  

De Projet steet, da gëtt en elo mat Liewe gefëllt.

Wann all d’Wënsch festgehaale sinn, kënne mer un d’Planung vum Detail goen. Proportiounen, Ausriichtung an Ariichtung, Luucht an Energie, an dëser Phase vum Ärem Projet bauen mer een 3D Model vun Ärem Haus a gräifen all d’Detailer hei eraus. Elo ass och de Moment fir iwwer d’Detailer ze schwätzen. Mir maachen eis awer och parallel schonns Gedanken iwwert d’Nohaltegkeet vum Projet.

De Wäert vun engem Projet kann een um Gewënn u Liewensqualitéit moossen.

Op Dir baut, ëmbaut, renovéiert oder bäibaut, mir stinn Iech mat eise kompetenten Architekten zur Säit.

LLArchitectes begleet Äre Projet a beréit Iech fir esou effizient wéi Méiglech ze bauen.