LLA Architectes

Individuel Berodung.
Individuel Projeten.

40, rue du village
L-7416 Brouch

+352 2661 0575
info@lla.archi

Effizient bauen

Effizient bauen

D’Bauwierk iwwert säi ganze Liewenswee plangen a mat effizienter Technik nohalteg optimiséieren, daat ass d’Ziil wat mir eis fir all Bau setzen. Ob Material oder Ressourcen, beim Bauen, beim Ënnerhalt oder spéider beim Recycléieren, all Etapp soll an de Projet kënnen afléissen. Eis grouss Expertise hëlleft Iech Äre Bau effizient, ökologesch an ökonomesch ze gestalten.

Baue fir méi Liewensqualitéit

Modern Energiekonzepter verlaange vill Technik. Déi soll vun Ufank un geplangt an dem Haus ugepasst sinn. Op Nidderegenergieluuchten, alternativ Energiegewannung, Heizung, Lüftung, Materialauswahl an Orientéierung si Bestand vun enger effizienter Planung.

Ressourceschounend bauen

D’Planung vun engem effizienten Haus hält net bei der Technik op. Energieeffizient Baumaterial a regional Produiten sinn een Deel vum nohaltege Bauen. Wichteg ass awer och schonns bei der Planung ze kucke wéi déi verbrauchte Ressource erem kënne recycléiert ginn. Mam Gedanke vun der ‘Economie Circulaire’ ass de Choix vum richteg Material eng aaner Methode Äre Projet effizient ze realiésieren.

Flächenoptimiséiert bauen

Grouss Trapenhaiser brauche vill Energie, gehéieren awer dachs net zum Wunnraum. E Gank an der Mëtt vum Haus ouni natierlecht Liicht, laang Weeër, alles Deeler déi vill Energie kaschten a mat kreative Konzepter optimiséiert kënne ginn.